1996 war zu Uewermaartel den éischte Camp fir Industriearchäologie, deen d’Frënn vun der Lee zesumme mam Service National de la Jeunesse organiséiert hunn. Deemools hunn d’Jongen um ënneschte Stack vun der Villa Rother geschlof an d’Meedercher ënner dem Daach vum Administratiounsgebai. Ee vun deenen 13 Jonker vun 1996 war d’Claudine Neyen. Wärend deem Camp ass eis direkt säin Talent opgefall fir ze zeechnen. Sief et d’Croquisen zu den Ausgruewungen, Hiweisschëlder oder Panneauen, d’Claudine war dat Éischt mat Bläistëft a Faarf an der Hand. Am Laf vun deem Camp ass du witzegerweis relativ séier de ‚Schuppi‘ gebuer ginn, de Maskottchen vun deene ‚Jonke vun der Koll‘. Natierlech war och deen aus dem Claudine senger Fieder: Ee wäisse Villchen mat wuschelege Plommen a gielem Schniewel, engem klenge Bauchnuebel, e puer gieler Zéiwen a grousse virwëtzegen Aen. Seng Figur ass ee wonnerbare Kontrast um däischtre Schifer a säin Numm ass ugeleent un déi typesch Maarteler Leeëform, d‘Schupp, d’Kinnekslee per se. Dee klenge wäisse Villchen huet sech an de Joren duerno weiderentwéckelt mat enger Hellewull u Posen a Leeschtungen (Journalist, Leekëppert, Schluppi, Imker, …). De Grupp vu Jonken, déi och no hirem éischten ärcheologesche Camp bei der Koll an de Frënn vun der Lee bliwwe sinn, ass iwwer d’Zäit lues a lues bei eis ‚d‘Schuppiën‘ genannt ginn. D’Schuppiën hate suguer wärend e puer Jor hiren eegene Comité mat Kees a Verwaltung. Si hu sech e puermol am Jor op de Schuppi-Stagen fir Weekender getraff wou geschafft, gewuddert, gesammelt, interviewt an archivéiert asw. gouff.
Haut ka kee méi an der fréierer Villa schlofen, an 2010, nom Doud vum Raym, konnten och keng Stage méi an där Form ofgehale ginn. D’Zäiten hate sech geännert, an och aus deem Kär vu jonke Leit si lues a lues Erwuessener gi mat Famill a Berufsliewen, oft och weider trei Membre vun de Frënn vun der Lee. Gebliwwen iwwer all déi Joren ass de Schuppi, de Maskottchen vun der Jugend op der Koll. 2021 huet hie 25 Jor krit an huet nach ëmmer näischt u Beléiftheet verluer. Grond genuch fir him a senger Mama e puer extra Säiten am Leekëppert ze schreiwen. De Schuppi ass a bleift een Original vun der Koll, gebuer a gewuess genau wéi d’Frënn vun der Lee, geschützt a klasséiert wéi de Site selwer. Wann de Schiefermusée oder d’Frënn haut eng nei Aktvitéit plangen, déi Kanner a Familljen uschwätzt, ass de Schuppi net wäit ewech. Op der neier Internetsäit vum Musée gëtt et de
‚Schuppi’s Corner‘ mat flotte Workshops an Animatioune fir d’Jugend. Scho säit ville Joren verkafe mer Leeë mam Schuppi drop an et gi kleng Animatioune vum Schuppi mat beweegte Biller. Seng Mama ass mëttllerweil flügge ginn, wunnt haut an der Schwäiz an huet eng Famill mat 2 knuddelege Meedercher. Ee grousse Merci dem Claudine, dat och haut nach nei Schuppiën zeechent wa se gebraucht ginn an dat dem Schiefermusée et erlaabt, deen eemolege Maskottchen ze benotzen.
Comments